Ringana Business
Um Wee zum Erfolleg

Um Wee zum Erfolleg

Virun enger Woch war ech mam Gabi op engem Formatiounsevent vu Ringana.

Eng éischte kéier war dest zu Lëtzebuerg. Mir waren zu 50 Ringana People. Ech denken ongeféier t´halschend aus Däitschland an déi aner halschend aus Lëtzebuerg.

Et war ee ganz inspiréirenden Dag mat vill Input mat mega léiwe Leit. Egal op s de 20 Joer hues oder 60, op männlech oder weiblech oder wéi een sech och ëmmer définéiert – jiddereen ass wëllkomm. 

D´Leit sinn all immens léif a fäin. Et spillt keng Roll, op s du nach en Ufänger bass (zu denen ech mech och zielen) oder scho Führungskraft. Jidderengem säi Wëssen get zesummengeheit. Jiddereen huet iergend eng Erfahrung, op nei oder al. Jiddereen huet seng Liewenserfarung wou mat erakënnt.

Ringana huet awer net nëmmen bei der Formatioun seng Wäerter agehalen, mee och bei der ganzer Organisatioun. 

Och de Catering war vu fir bis hannen der Philosophie entspriechend. D‘Iessen an d´Drenken war absolut frësch a lecker.

Sou wéi eng lëtzebuergesch Partnerin vun hierem Abenteuer am Wierk verzielt huet an zum Schlussmat enthusiasmus betount huet: „Es gab auch gut zu Trinken und zu Essen“ an eng däitsch Führungskraft laachend gemengt huet: „Das ist wohl wichtig bei euch“ – d´Brigitte war wuel nach nie op engem lëtzebuergeschem Dëppefest 😉

Alles an allem war des Formatioun/dest Event eng richteg Beräicherung an immens flott souvill verschidden Leit ze gesinn, mat verschidden Visounen an Astellungen.

Ech hunn esou vill mattgeholl op d’esem Dag an meng Motivatioun gesteigert. Et war eng immens flott Erfahrung an freed mech fir jiddereen den ech op desem Wee ka mathuelen an eng Méiglechkeet fir sech selwer ze bidden.