Technik
Phishing per SMS

Phishing per SMS

Meng Recherche no engem Link

Ech hu mol an enger hallwer Stonn de Phishing analyséiert an de Link ënnersicht, hei wat ech erausfonnt hunn.
Den Domain myguichet-lu.help ass an Arizona, USA registréiert. Bei enger Firma wou NameSilo LLC heescht, an dat gemaach vun enger Firma wou PrivacyGuardian org heescht.

Mat mengen Recherchen hunn ech erausfonnt, dass NameSilo eng echt Firma ass, wou eng Adress a Vancouver Canada huet, mat Headquarter zu Arizona, USA – dat hunn ech um offizielle Firmeregester vum Bundesstaat Arizona fonnt. Desweideren seed Google mer, dass des Firma a Kanada op enger Bourse notéiert ass.
NameSilo ass eng Firma wou een säin Domainnumm fir seng Websäit kafe kann, esou wéi hei bei EuroDNS oder Restena, also alles richteg.

PrivacyGuardian ass eng Firma déi et net gëtt, wat och de Firmeregester vun Arizona bestätegt. Hier Websäit ass just eng éischt Säit mat Formulaire wou een seng Daten agi kann.
Si soen op der Säit, si wieren do fir är Daten ze schützen, wat de Numm jo och scho seet. Gläichzäiteg warnen se, dass een hire Numm fir Scam benotzt, fir dass hier Fake Säit nach méi glafwierdeg duergestallt gëtt an et soll een de Formulaire ausfëlle fir ze mellen, dass et ee Bedru gouf.
Op hirer Internetsäit steet eng Adress zu Phoenix, Arizona – Laut Google Maps ass op mannst mol ee Gebai op der Adress, an net iergend ee Fake Terrain;  a Google seet mer och dass do eng 15 Firme situéiert sinn, vum Handwierksbetrib iwwer ee Coffee Shop bis bei de Privatdetektiv ass alles do, awer KEEN PrivacyGuardian (well et se jo net gëtt) an och keen anere Betrib wou nëmmen hallefweegs mat Internet eppes ze dinn huet.
Trustpilot huet dann och schonn eng schlecht Nott ofgi vun der Säit.

Sou eng Säit kann iwwregens jiddereen umellen, wann en Internet huet an eng Kreditkaart fir den Domain ze bezuelen.

Fir et dann ofzeschléissen: de richtege myguichet.lu ass selbstverständlech vun etat.lu bei EuroDNS registréiert – also made in Luxembourg an déi wunnen zu Leideleng 😉