Accueil a Kannerbetreiung zu Rodange

Accueil vun de Kanner an der Gemeng Péiteng a speziell zu Rodange – Mail un den Här Buergermeeschter, de Schäffen- a Gemengerot an un de Service Maison Relais an de Service Ecole fondamentale

Gudden Owend, 

Mir hunn zwee Meedercher an der Ecole ….  (aus Schutz ginn déi perséinlech daten hei net publizéiert)

Mir si viru kuerzem Gewuer ginn, dass eis Dagesmamm, d´Madamm XX, déi sech wonnerbar em eis Kanner, wa mir geschafft hunn, këmmert, plënnert. Bis ewell hunn mer eis op d`Sich gemaach op eng nei Dagesmamm am Zentrum vu Rodange (Dagesmamm, well mer leider net virun 19h00 vun der Aarbecht bis elo komm sinn)
Mir waren du frou, dass mer eng Dagesmamm fonnt hunn. Si hat eis ewell zougesot, mat dem selwechten Tarif, wou mer bis elo bei der Madamm XX bezuelen, an och den Horaire war geneeëm. Des Woch sollte mer de Kontrakt ënnerschreiwen an do huet se wuel am Weekend sech iwwerluecht, den Horaire op Maximum 18h30 erofzesetzen, an den Tarif 2€ pro Kand a Stonn ze erhéijen. Matt der Nouvelle setze mer elo do, mam Horaire kann ee à la Limite, wann de Patron kulant ass nach spillen, mee eis Frais’en ginn elo minimum vum simple au double. Dat ass net ze bezuelen. 

 Ausserhalb vum Zentrum (Richtung Fonderie, Schio, asw.), krute mer och elo Ofsoen, sief, dass mer eis froen op, dat iwwerhaapt Méiglech ass? Do soll et ee Schoulbus ginn, well déi Dagesmamme jo éischter mat Kanner aus der Ecole Fonderie schaffen, an net op zwou Plaze gläichzäiteg sinn, am Zentrum an an der Fonderie. 

Mir wëssen, dass d’Maison Relais voll ass, déi puer Foyer de Jour’en zu Rodange hunn och keng Plazen, Dagesmamme soen och all Nee, well keng Plazen do sinn. Mir sinn um gaangen ze Verzweiwelen. Et kann net sinn, dass ee vun den Elterendeeler riskéiert seng Aarbechtsplaz ze verléieren, respektiv kënnege muss, wann ee keen Accueil fir d’Kanner fënnt, well einfach keen do ass … en plus an eisem Fall, wou eng Persoun decidéiert ze plënneren, well se sech eng eegen Immobilie kaf huet, dat ass dann, net scho x Joer am viraus bekannt, wou een sech ggfs. scho laang am viraus iergendwou sech umelle kann. 

  1. ech well net ophale mat Schaffen, ech maachen déi Aarbecht, wou ech maache gären an ech hunn ee flexibele Patron, deen een an dem Sënn net zweemol kritt
  2. dass mäin Mann ophellt, ass keng Optioun, hien huet eng gutt Plaz beim Stad ugefaangen a verdéngt méi wéi ech an mat menger Pai kréie mer eis lafend Frais’en och guer net gedeckt.
  3. wann ech dann ophale géif, wann mer näischt anescht iwwreg bleift an ech mat mengem Patron keng Solutioun sollt fannen, da bleift eis nodeems eis  lafend Frais’en ofgerechent sinn nach just genuch, fir ze liewen; just genuch (wuel ganz just), wann am Liewen näischt doteschend kennt. 
  4. ass et net am Sënn vun eiser Regierung, der Madamm Cahen, Minister vun der Famill, dass déi zwee Elterendeeler schaffe ginn, ënner anerem als Argument, fir d´Fra ze schützen?
  5. nieft all deene Punkten, muss ech och an d´Pensiounskeess abezuelen, de Fall gesat ech muss doheem bleiwen, kann ech dat finanziell net maachen, wat meng Zukunft NET ofséchert 

Ech hunn ënner anerem engem Foyer du Jour an der rue Jos Moscardo ugeruff, den der Nummer no, vun der Gemeng ass. Déi Persoun um Telefon huet mer gesot, si huelen ELO KENG Schoulkanner méi, mee just nach 0-4 järeger. De Numm „Foyer“ (an net Crèche), de Fait, dass „elo keng Schoulkanner“ méi ugeholl ginn, an eng Telefonsnummer, déi ech als Extensioun vun der Gemeng Péiteng entzifferen, loosse mech dorop schléissen, dass virdrun ëmmer Schoulkanner do waren. Aus wéi enger Ursaach gouf domadder opgehalen? An den 3 Joer wou ech hei wunnen, sinn op mannst 2 Crèchen zu Rodange fir 0-4 järeger opgaangen. Fir d’Schoulkanner wieren an dem Sënn ëmmer manner Plazen do, fir Puppelcher, déi net un een Uert gebonne sinn (well se net an d`Schoul ginn) huet d´Gemeng Péiteng emmer méi Plazen. Wat maacht der matt dene Puppelcher, wann se bis an d’Schoul ginn? Vir déi ass jo dann duerno och keng Plaz méi do. Verstitt mech net falsch, mee ech verstinn, net wou déi Iwwerleeungen hierkommen.  

Ech froen Iech hei Här Buergermeeschter, Schäffen- a Gemengeréid a Beamten aus dem Service de l’Ecole fondamentalean an aus dem Service Maison Relais, wat ass Är Léisung vir den Akute Mangel u Plaz (mir sinn net déi eenzeg Famill, mat engem Kand ass et wuel méi einfach, mee och bal onméiglech; och wann net jiddereen Iech esou laang Mailenschreift) zu Rodange, an och am Recht vun der Gemeng? Ass eng Léisung, bis dat nächst Schouljoer um Plang? Wat ass virgesinn?

 Un d´Madamm Cahen, déi de Mail en Kopie kritt: 
Ech versti jo eventuell Är Argumenter, dass der wëllt, dass d’Elteren allebéid schaffe gi fir hier Zukunft ofzesécheren, an och, dass der an noer Zukunft ënner anerem d’Maison Relais gratis maache wëllt, mee wann ech gelift, suergt dofir, dass an de Gemenge genuch Infrastruktur do ass, a kuckt och, dass et finanzéierbar ass. Loosst d´Gemengen, d´Elteren an d´Kanner net am Stach. All Iddi, muss och gutt iwwerluecht an ausgebaut sinn, eed se per Gesetz oder Règlement Grand-Ducal am Memorial optaucht. Ech géif mech vun Ärer Säit och op eng Äntwert vun Iech freeën. 

Hutt dir eng Iddi, wéi oder wat mir nach maache kennen?

 Un de Service vun der Maison Relais: Kennt der eis wann ech gelift de Formulaire mailen fir d´Kanner unzemellen, sief mat Liste d’Attente, an da musse mer iergendwéi kucke bis 19h00 eis Kanner do ofgeholl ze hunn. 

Ech soen Iech Merci fir d´Liesen an hoffen op eng positiv Äntwert. 

Am Sënn vun eise Kanner déi mer ganz gären hunn an déi eng gutt Zukunft sollen hunn.  

Zefridden a frou Eltere maachen och zefridden a frou Kanner. 

An dem Sënn wënschen ech Iech nach ee schéinen Owend. 

Mat frëndleche Gréiss
Nathalie Goedert